Op den Inhalt sprangen

Hellege Jousef

Vu Wikipedia
Hellege Jousef
Titel
Biographie
Gebuer 30 v. Chr. jul.
Nazareth
Gestuerwen 20 jul.
Nazareth
Nationalitéit Réimescht Räich
Kanner Jesus vun Nazaret, Jakobus
Aktivitéit Handwierker,
Zammermann
Aner Informatiounen
Statut Helleg
Gedenkdag 19. Mäerz

De Jousef (och nach Joseph oder Josef) oder Jousef vun Nazareth, an der kathoulescher an orthodoxer Kierch als Hellege Jousef bekannt, ass e Personnage aus dem Neien Testament, dee fir d'éischt am Evangelium vum Matthäus an an deem vum Lukas ernimmt gëtt. Hien ass de Bräitchemann a méi spéit de Mann vun der Maria, der Mamm vum Jesus.

Hie gëtt ë. a. am Matthäus-Evangelium als Handwierker oder Schräiner vu Judäa beschriwwen. No Lukas-Evangelium koum en ursprénglech vu Bethlehem an huet zu Nazareth gelieft.

Den Numm Jousef kënnt vum Hebräesche Yosef (יוֹסֵף ) wat esouvill heescht wéi „Gott huet derbäigesat“[1].

De Jousef gëtt gemenkerhand mat engem Spadséierbengel, heiansdo een de blitt, mat engem Wénkelmooss oder anerem Schräinergeschier duergestallt.

Dem Jousef säin Dag ass an der kathoulescher a evangeelescher Kierch den 19. Mäerz. An der orthodoxer Kierch ass et de Sonndeg no Chrëschtdag, oder de 26. Dezember wann e kee Sonndeg tëscht Chrëschtdag an Neijoerschdag gëtt.[1]

An der réimesch-kathoulescher Kierch gëtt den 19. Mäerz zanter dem 12. Joerhonnert als Festdag vum Hellege Joseph gefeiert; et ass mëttlerweil en Héichfest (Sollemnitas). Den Dag gëtt am Volleksmond Jousefsdag genannt.

De Jousef ass de Patréiner vun ë. a. de Familljen, de Pappen, den Handwierker (Schräiner, Kéifer, Gierwer, asw.), den Aarbechter, de Leit op der Rees, den Exiléierten, an den Doudegriewer.

Fir un den hellege Jousef z'erënneren, sinn zu Lëtzebuerg eng Partie Stroossen no him genannt: zu Déifferdeng, Esch-Uelzecht, Rëmeleng an Zéisseng.

Commons: Hellege Jousef – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 (de)Joseph von Nazaret - Ökumenisches Heiligenlexikon. www.heiligenlexikon.de. Gekuckt de(n) 05.09.2024.