Op den Inhalt sprangen

Kach

Vu Wikipedia
D'Léa Linster (riets) ass eng international bekannt Kächen aus Lëtzebuerg.
E puer Käch an engem mexikanesche Restaurant.

E Kach (fir de Mann) oder eng Kächen oder Kächin (fir d'Fra) ass eng Persoun, déi an der Gastronomie fir d'Zoubereede vun Iesse verantwortlech ass. Käch schaffen a Restauranten, Hotellen, Kantinnen, Spideeler oder och a private Stéit. Hir Aufgaben ëmfaassen d'Plange vum Menü, d'Akafen an d'Lagere vun de Liewensmëttel, d'Zoubereeden an d'Presentatioun vum Plat an d'Anhale vun den Hygiènes- a Sécherheetsvirschrëften.

D'Ausbildung vun engem Kach ass an der Reegel eng dual Beruffsausbildung, déi zu Lëtzebuerg dräi Joer dauert a souwuel theoretesch wéi och praktesch Inhalter ëmfaasst.[1] Wärend der Ausbildung léieren déi zukünfteg Käch verschidde Kachtechniken, d'Veraarbechtung vu Liewensmëttel, d'Kalkulatioun vun de Präisser an d'Organisatioun vun den Aarbechtsofleef an der Kichen.

E Kach ka sech op bestëmmt Beräicher spezialiséieren: de Poissonnier këmmert sech zum Beispill ëm de Fësch; de Garde-manger ass dofir zoustänneg, déi aner mat Wueren ze versuergen, Liewensmëttel fir d'Kache virzebereeden a kal Platen ze preparéieren; de Saucier ass fir d'Zoubereedung vun den Zoosse verantwortlech; an de Rôtisseur këmmert sech ëm dat, wat gegrillt muss ginn.[2]

Un där hirer Spëtzt steet de Chef de cuisine oder Maître de cuisine, deen dacks eng Meeschterprüfung viraussetzt. Säi Stellvertrieder ass de Souschef. De Chef de partie këmmert sech ëm eng prezis Statioun an der Kichen. Säi Stellvertrieder ass den Demi chef de partie. Déi jonk K��ch sinn dann de Commis. Zesumme gëtt déi Ekipp eng Brigad oder eng Kichebrigad genannt.[3],[4]

Käch spillen eng zentral Roll an der Gastronomie an droen zur kulinarescher Qualitéit an dem Erfolleg vun engem gastronomesche Betrib bäi.

Commons: Käch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. École nationale pour adultes (ENAD): Cuisinier/Cuisinière - Objectifs de la formation
  2. lhotellerie-restauration.fr: Emploi Hôtellerie Restauration: chef de partie (H/F)
  3. lusini.com: Die Küchenbrigade - Unterteilung und Aufgaben Ihres Küchenteams (gekuckt den 23. AUgust 2024)
  4. michel-sarran.com: Comment s'organise une brigade ? (gekuckt den 23. AUgust 2024)