Op den Inhalt sprangen

Willibrord

Vu Wikipedia
Willibrord
Villibrordus
Titel
Titel Bëschof vun Utrecht
Consecrateur Sergius I.
Biographie
Reliéisen Numm Clemens
Gebuer 658 jul.
Northumbrien
Gestuerwen 7. November 739 jul.
Iechternach
Graf Basilika Iechternach
Nationalitéit Northumbrien
Papp Willigis
Aktivitéit Missionnaire,
kathoulesche Bëschof
Aner Informatiounen
Reliéisen Uerden Benediktiner
Statut Helleg
Gedenkdag 7. November
De Sarkophag mat den Iwwerreschter vum hellege Willibrord an der Krypta vun der Basilika zu Iechternach
Statu zu Iechternach

Den hellege Willibrord, gebuer ëm 658 an Northumbrien (e fréiert Kinnekräich am Norde vum haitegen England a Südoste vu Schottland) a gestuerwen de 7. November 739 zu Iechternach, war en angelsächsege Benediktiner a Missionnaire, deen d'Iechternacher Abtei gegrënnt huet.

Scho mat 5 Joer huet säi Papp hien an d'Klouschter Ripon geschéckt, wou hie vum Wilfrid vu York gezillt gouf.

Am Joer 678 ass hien an dat deemolegt Klouschter Rathmelsigi (haut: Mellifont) am County Louth an Irland gaangen. No zwielef Joer Klouschterschüler beim Egbert gouf hie mat 30 Joer zum Paschtouer geweit an am Joer 690 mat enger Grupp vun zwielef Begleeder a Frisland geschéckt, wou hien, am Optrag vum Pippin dem Mëttelsten, ugefaangen huet ze missionéieren.

692 ass hie bei de Poopst Sergius I. gereest fir den Accord fir seng Missioun ze kréien. Bei enger zweeter Visitt zu Roum am Joer 695 gouf hien zum Äerzbëschof „vun de Frisen op der Rees“ ernannt a krut gläichzäiteg de kierchlechen Numm Clemens.

De Willibrord huet Verbindungen tëscht dem Poopst an dem karolengesche Kinnekshaus hiergestallt; Staatsschutz a gläichzäiteg peepstlech Autoritéit hunn den Toun fir déi ganz Missioun vun den Angelsachsen duerno uginn, besonnesch fir de Bonifatius, wat dem Willibrord senger Aarbecht Stabilitéit an Dauer abruecht huet

Hien huet seng Communautéit zu Trajectum (haut: Utrecht) ageriicht; vum Pippin krut hien eng Kathedral an der Stad, vu wou aus hie seng Missioun organiséiert huet

Dem Willibrord seng Missioun hat e grousse Succès, net zulescht duerch d'Ënnerstëtzung vum Adel. 698 huet d'Irmina vun Oeren, d'Fra vun engem Palzgrof, him en Terrain geschenkt, op deem hien d'Iechternacher Abtei gegrënnt huet, an do och Abt gouf.

De Willibrord huet iwwer 40 Joer a Frisland geschafft, ausser der kuerzer Zäit (vu 716 bis 719) wärend där de frisesche Kinnek Radbod do geherrscht huet an deen den heednesche Kult nees aféiere wollt. Wärend dëser Zäit huet de Willibrord ee vun de fréiste Versich gestart, fir d'Dänen ze missionéieren. Vu 719 u gouf de Willibrord bei senger Aarbecht vum fränkeschen Hausmeier Karl Martell ënnerstëtzt; de Bonifatius, deen dem Willibrord seng Aarbecht méi spéit weidergefouert huet, huet him och vu 719 bis 722 gehollef. Kuerz viru sengem Doud huet de Willibrord nach e Chouerbëschof fir d'Diözees Utrecht ernannt.

Eng Evangelien-Bildhandschrëft, de sougenannten Evangeliar vum hellege Willibrord, dat am Willibrord sengem Besëtz gewiescht soll sinn, war an der Iechternacher Abtei erhale ginn, koum awer 1802 am Kader vun der Sekulariséierung an d'franséisch Nationalbibliothéik zu Paräis.

Fir déi sëllege Pilger zu Iechternach opzehuelen, huet schonn am Joer 800 eng méi grouss Kierch misse gebaut ginn. D'Kierch huet 1016 gebrannt an 1031 gouf en neit Kierchegebai ageweit. Wärend der franséischer Revolutioun gouf d'Kierch geplëmmt, dem Willibrord seng Reliquie goufen an d'Iechternacher Péitrus a Paulus-Kierch geréckelt; 1906 goufen se zréck an d'Basilika transferéiert an 1939 goufen se do an d'Krypta geluecht.

Zënter dem 15. Joerhonnert ass dem Willibrord säi Graf zu Iechternach all Joer Péngschtdënschdeg d'Zil vun der Sprangpressessioun, déi 1497 fir d'éischt an engem Dokument ernimmt gouf an déi zanter dem 16. November 2010 op der Representativer Lëscht vum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet vun der UNESCO steet. Historesch gëtt bei der Pressessioun fir d'Heelung vun der Epilepsie gebiet.

De Willibrord gouf scho kuerz no sengem Doud helleggesprach; säin Dag ass de 7. November.

Hien ass de Patréiner vun Holland, no der Tréischterin am Leed den zweete Patréiner vum Lëtzebuerger Land an zënter dem 7. November 2015 och nieft dem Tarcisius den zweete Patréiner vun de lëtzebuergesche Massendénger[1],[2],[3].

De Willibrord gëtt och ugebiet géint Epilepsie, Wansinn, Hautkrankheeten an Zuckungen.

Fir un de Willibrord z'erënneren, sinn zu Lëtzebuerg eng Partie Stroossen oder Plazen no him genannt:

  • Geschichte des Heiligen Willibrord und seiner Reliquien. Den frommen Pilgern gewidmet. Luxemburg, Drock vum M.Huss 1906. 48 Säiten.
  • Haag, Emil, 2011. St Willibrord et Echternach *658 739: vie et oeuvre d'un saint de dimension européenne, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 72-83.
  • Camille Wampach: Willibrord. Sein Leben und Lebenswerk. Luxemburg 1953
Commons: Willibrord – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. „Willibrord zum Schutzpatron der Luxemburger Messdiener ernannt“ op wort.lu, 8. November 2015
  2. (asc/Jma), 2015. Willibrorduswallfahrt in Echternach. Auftakt mit Überraschung. Willibrord zum Schutzpatrton der Messdiener ernannt. Luxemburger Wort vum 9. November 2015, S. 20.
  3. Artikel op cathol.lu